Serge Tonnar & Legotrip

CAPE2015Vendredi 19 juin à 20h

Serge Tonnar & Legotrip

Fête de la musique 2015

Serge Tonnar, Gitar, Gesang. Eric Falchero, Tasten, Gesang. Rom

Christnach, Bass, Gesang. Misch Feinen, Schlogezei, Gesang.

De Serge Tonnar a säin Orchester Legotrip kommen Ettelbréck kräfteg de Marsch

blosen. Den Hämmelsmarsch. Dat ass den neien Danz dee weltwäit verbreet ass,

méi wéi den Harlem Shake, et schwätzt just keen dervun. Et ass de Marsch vun

enger Welt, wou e Krich am gaang ass, et awer just nach kengem opgefall ass,

well ee keng Schëss héiert a keng Bomme gefall kommen. E Krich, wou

d’Zaldoten net wëssen, dass se Zaldote sinn, a wou et um Schluechtfeld no

Chanel a Lacoste richt. An d’Resistenz, déi hei an do mol kuerz opflaamt, gëtt

einfach ignoréiert oder diskreditéiert, op alle Fall ass se zimlech muechtlos, well

d’Maschinn leeft

einfach weider an en Enn vum Krich ass nach net a Siicht. Ëm dëse Krich geet et

am Serge sengen Texter, awer och em aner kleng a grouss Kämpf, wéi déi

kulturell Resistenz vun de Propheten am eegene Land („Lokalmatador“), de

Krämpche mam eegene Bobo („T deet sou wéi fir ech ze sinn“) oder dem

Brutzelen an der Mainstreamhell („Den Hit op RTL“). Dëse lëschteg-makaberen

Ofgesang geet musikalesch vum Marsch iwwert den Cha Cha Cha bis bei déi

balkanesch Kläng aus dem ëstlechen Uelzechtdall.

L’incontournable Serge Tonnar et son groupe Legotrip feront halte au CAPe pour

cette Fête de la Musique 2015. Une occasion pour le public de retrouver tout

l’univers décalé du musicien et de ses acoytes, entre une musique allant des

marches au cha-cha-cha en passant par les Balkans, et des textes montrant un

sens de l’observation bien affûté tout en faisant la part belle à l’autodérision… La

guerre est le thème central des textes de Serge, celle que personne ne voit mais

aussi toutes les petites batailles du quotidien, et la résistance culturelle des

prophètes en leur propre pays…

Entrée gratuite, réservation obligatoire !

Infos et réservation :

CAPe-Centre des Arts Pluriels

26 81 21 304

www.cape.lu

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *